Generalversammlungen

Generalversammlung 2020

14.07.2020

Léiw Memberen, 

Well ons Generalversammlung net den 13. Mäerz 2020 wéinst dem COVID-19 konnt ofgehale ginn, fannt Dir hei zousätzlech Informatiounen:

       De Keesebericht ass kontrolléiert a fir gutt befonnt ginn vun de Keeserevisoren Raus René a Buchholtz Jean-Claude.

     D’Kotisatiounen fir 2020 bleiwen onverännert; Membre € 10, Membre-protecteur € 25 a Membre-bienfaiteur € 250.

    Neiwale vum Kommitee; austriedend an deelweis erem wielbar sinn Louis Karmeyer, Georges Hoffmann, Melissa Aries an Emile Stoffel. Den aktuelle Vizepresident, Louis Karmeyer huet seng Demissioun agereecht an de Kommitee seet him, op dëser Plaz,e grousse Merci fir säin onermiddlechen Asaz.

 

Un iech all en Appell wann dir interesséiert sidd an enger flotter Equipe mat ze schaffen, mellt iech bei ons!

 

De Kommitee vun de Frënn vum Uespelter Schlass kënnt Mëtt Juli zesummen fir d’Generalversammlung ofzeseenen. Falls dir Froen oder Remarken hutt, wiere mir frou wann dir ons déi virum 10. Juli kéint zoukomme loossen. Merci am viraus.

 

Mat beschte Gréiss un iech all a bleift gesond.

                                                               De Comité vun de Frënn vum Uespelter Schlass  

 

 

Duerch Är Memberschaft fir d‘Joer 2020 ënnersträicht dir Är Unerkennung fir ons Aarbecht an onsen Asaz fir d’Uespelter Schlass. Mir zielen op Är finanziell Ënnerstëtzung.

 

Kassenbericht

×
×

Cart